Info-box
Mir ënnerstëtzen déi flott Initiative Fro de Bauer. Dat heescht, Dir kënnt eis zu all Moment Är Froen – hei iwwer Facebook oder direkt an der Epicerie – stellen.
De Meyrishaff ass ee Bauerebetrib, deen tëscht Baastenduerf an der Selz läit an op deem Fräilandhinger, Angus Kéi mat Kalwer, a Schof hiert Doheem hunn.
De Meyrishaff produzéiert nieft de Wiseneeër an dem Fleesch och Gromperen an Äerdbier a bedreift Ackerfläch op där zB. Spelz, Triticale oder och Sonneblummen ugebaut ginn.
Famill Kaes këmmert sech em den Haff an em Epicerie. Den Familljebetrib huet sech an den leschten Joer ëmmer weider entwéckelt, fir kennen eegen an regional Qualitéitsprodukter unzebidden.
Ob der Photo: Bob an Kelly – Famill Kaes.
Op dem Bauerebetrib hunn Fräilandhinger, Angus Kéi mat Kalwer, a Schof hiert Doheem.
Besonnesch um Häerz leien eis eis Hénger.
4 Gruppen liewen an engem neien groussen Stall, wou si een Wantergaart zur Verfügung honn, an och eraus op Weed kennen goen. Et handelt sech dobäi em een Qualitéitsprodukt aus der Regioun.
De Meyrishaff ass Deel vun Lëtzebuerger Poulet.
Frësch Pouleten aus artgerecheter Haltung – dofir steet den Projet « Lëtzebuerger Poulet » wou 6 Bauerebetriiber sech zesummengedunn hun fir kennen Qualitéit unzebidden.
De Lët’z Poulet ass ee flotte Projet tëscht enger handvoll Baueren an der Provencale.
D’Jippelcher kommen als Eintagesküken op de Betrib an een aartgerechte Stall mat Wantergaart. No enger Maschtdauer vu mindestens 56 Deeg ginn se geschluecht an d’Provencale verdeelt se weider un déi jeeweileg Verkafsplazen ënnert dem Numm Lët’z Poulet.
40 Angus Kéi mat hiren Kälwercher an den Steier Theo sënn um Meyrishaff doheem.
55 Mammenschof mat hiren Lämmecher.
D’Schof sënn bal dat ganzt Joer iwwer dobaussen op der Weed, just wann si lammen kommen si an een neien Stall, deen zum Deel ënner fräiem Himmel ass.
De Meyrishaff produzéiert nieft de Wiseneeër an dem Fleesch och Gromperen an Äerdbier a bedreift Ackerfläch op där zB. Spelz, Triticale oder och Sonneblummen ugebaut ginn.
D’Sonneblummen ginn am Hierscht gedresch fir den Ueleg vun den Kären ze gewannen, deen d’BEO (Ourdaller Produkter) hierstellt.
Et handelt sech also em een Produkt aus dem Naturpark Our, deen Leit bei hinnen selwer, an villen Geschäfter an natierlech bei eis an der Epicerie ze kafen kréien.
Mir ënnerstëtzen déi flott Initiative Fro de Bauer. Dat heescht, Dir kënnt eis zu all Moment Är Froen – hei iwwer Facebook oder direkt an der Epicerie – stellen.
An der Epicerie fannt Dir net just Produkter vun eisem Haff (Fleesch, Eeër, Gromperen, Äerdbier,…), mee och eng Selektioun un anere Produkter aus der Regioun.
Eis Epicerie ass elo:
Dënschdes vu 9h-12h & 13h bis 18h30
Mëttwochs vu 9h-12h & 13h bis 18h30
Donnesden vu 9h-12h & 13h bis 18h30
Freides vu 9h-12h & 13-18h30 an
Samschdes vu 8h-14h op!