Adress: 3 an der Lengt, L-9350 Bastendorf | Email: info@meyrishaff.lu
Meyrishaff
  • Meyrishaff
  • Iwwert Eis
  • Är Epicerie um Haff
    • Epicerie
    • Rôtisserie
    • Automaten
  • Eis Kontaktéieren
  • Search
  • Menu
  • Iwwert Eis
  • Iwwert den Haff
  • Iwwert Epicerie

Iwwert Eis

De Meyrishaff ass ee Bauerebetrib, deen tëscht Baastenduerf an der Selz läit an op deem Fräilandhinger, Angus Kéi mat Kalwer, a Schof hiert Doheem hunn.

De Meyrishaff produzéiert nieft de Wiseneeër an dem Fleesch och Gromperen an Äerdbier a bedreift Ackerfläch op där zB. Spelz, Triticale oder och Sonneblummen ugebaut ginn.

Famill Kaes këmmert sech em den Haff an em Epicerie. Den Familljebetrib huet sech an den leschten Joer ëmmer weider entwéckelt, fir kennen eegen an regional Qualitéitsprodukter unzebidden.

Ob der Photo: Bob an Kelly – Famill Kaes.

Iwwert den Haff

Eis Déieren

Op dem Bauerebetrib hunn Fräilandhinger, Angus Kéi mat Kalwer, a Schof hiert Doheem.

Eis Fraïlandhénger

Besonnesch um Häerz leien eis eis Hénger.

3 Gruppen liewen an engem mobillen Héngerstall, deen reegelméisseg op der Weed versat gëtt fir datt si ëmmer frëscht Gras honn fir ze picken.

Di aner 4 Gruppen liewen an engem neien groussen Stall, wou si een Wantergaart zur Verfügung honn, an och eraus op Weed kennen goen.

Nieft dem Gras kréien si OGM freit Fudder.  Eis Wiseneeër honn een schéinen gielen Dueder wéinst dem Gras dat Hénger all Dag picken. Et handelt sech dobäi em een Qualitéitsprodukt aus der Regioun.

De Meyrishaff ass Deel vun Lëtzebuerger Poulet.

Frësch Pouleten aus artgerecheter Haltung – dofir steet den Projet « Lëtzebuerger Poulet » wou 4 Bauerebetriiber sech zesummengedunn hun fir kennen Qualitéit unzebidden.

PreviousNext
123

Eis Angus Kéi

PreviousNext
12

40 Angus Kéi mat hiren Kälwercher an den Steier Theo sënn um Meyrishaff doheem.

Eis Schof

PreviousNext
12

55 Mammenschof mat hiren Lämmecher.

D’Schof sënn bal dat ganzt Joer iwwer dobaussen op der Weed, just wann si lammen kommen si an een neien Stall, deen zum Deel ënner fräiem Himmel ass.

Bei eis um Haff

De Meyrishaff produzéiert nieft de Wiseneeër an dem Fleesch och Gromperen an Äerdbier a bedreift Ackerfläch op där zB. Spelz, Triticale oder och Sonneblummen ugebaut ginn.

Eis Sonneblummen

D’Sonneblummen ginn am Hierscht gedresch fir den Ueleg vun den Kären ze gewannen, deen d’BEO (Ourdaller Produkter) hierstellt.

Et handelt sech also em een Produkt aus dem Naturpark Our, deen Leit bei hinnen selwer, an villen Geschäfter an natierlech bei eis an der Epicerie ze kafen kréien.

PreviousNext
12345

Info-box

Mir ënnerstëtzen déi flott Initiative Fro de Bauer. Dat heescht, Dir kënnt eis zu all Moment Är Froen – hei iwwer Facebook oder direkt an der Epicerie – stellen.

Iwwert Epicerie

An der Epicerie fannt Dir net just Produkter vun eisem Haff (Fleesch, Eeër, Gromperen, Äerdbier,…), mee och eng Selektioun un anere Produkter aus der Regioun.

Eis Epicerie ass elo:
Dënschdes vu 9h-12h & 13h bis 18h30
Mëttwochs vu 9h-12h & 13h bis 18h30
Donnesden vu 9h-12h & 13h bis 18h30
Freides vu 9h-12h & 13-18h30 an 
Samschdes vu 9h-12h & 13-17h op!

Méi Informatiounen iwwert Epicerie

Eis Epicerie ass elo op:

Dënschdes: 9h-12h & 13h-18h30
Mëttwochs: 9h-12h & 13h-18h30
Donnesden: 9h-12h & 13h-18h30
Freides: 9h-12h & 13h-18h30 an
Samschdes: 9h-12h & 13h-17h

Adress Meyrishaff

3, an der Lengt
L-9350
Bastendorf

Google Maps

 

Meyrishaff ass ob Facebook!

All Neiegkeeten vum Meyrishaff ob eiser eegener Facebooksäit!

Ob Facebook kucken goen: Meyrishaff

Eis kontaktéieren:

Email: info@meyrishaff.lu

Telefon: 691 827 010

© Copyright 2022 - Meyrishaff.
  • Facebook
  • Instagram
Scroll to top