Mir freeën eis Eech an der Epicerie begréissen ze kënnen:
- Dënschdes vu 14h bis 18h30
- Mëttwochs vu 14h bis 18h30
- Donnesden vu 14h bis 18.30
- Freides vu 9h-12h & 14-18h30 an
- Samschdes vu 9h-12h & 14-17h op!
Mir leen immens vill wäert op regional Qualitéitsprodukter a wëllen Eech eng Méiglechkeet ginn dës direkt beim Bauer kënnen anzekafen.
An der Epicerie fannt Dir awer net just Produkter vun eisem Haff mee och nach eng ganz Selektioun un anere regionale Produkter.
Wann Dir vun Dikrech kommt an Richtung Veianen fuert, geet et an der Selz lenks op Bastenduerf. Do leien mir dann direkt lenks. Dir kënnt et net verfeelen.
Virun der Épicerie sinn och Parkplazen.
WISENEEËR & ÄERDBIEREN 24/24H
Eis Wisseneeër & Äerdbieren stinn Eech 24/24h zur
Verfügung, an zwar ob eisem neien Site:
3, an der Lengt Bastenduerf
(tëschent Bastenduerf an der Selz)
Bei Froen: 691827010 oder 621526316