Wëllkomm op der Säit vum Meyrishaff

oder iwwert E-mail

  • info@meyrishaff.lu

oder Telefon

  • 691 827 010

Hei fannt Dir Informatiounen iwwert den Haff an seng Déieren, den Betrib an natierlech iwwert Epicerie!

De Meyrishaff ass ee Bauerebetrib, deen tëscht Baastenduerf an der Selz läit an op deem Fräilandhinger, Angus Kéi mat Kalwer, a Schof hiert Doheem hunn.

De Meyrishaff produzéiert nieft de Wiseneeër an dem Fleesch och Gromperen an Äerdbier a bedreift Ackerfläch op där zB. Spelz, Triticale oder och Sonneblummen ugebaut ginn.

De Meyrishaff ass och elo op Facebook an ob Instagram! Hei wäerte mir an Zukunft all Néiegkeeten iwwert den Haff an d’Epicerie mat Iech deelen.

Meyrishaff – Är Epicerie um Haff!

Mir freeën eis Eech an der Epicerie begréissen ze kënnen:

  • Dënschdes vu 9h-12h & 13h bis 18h30
  • Mëttwochs vu 9h-12h & 13h bis 18h30
  • Donnesden vu 9h-12h & 13h bis 18h30
  • Freides vu 9h-12h & 13-18h30 an
  • Samschdes vu 9h-12h & 13-17h

Mir leen immens vill wäert op regional Qualitéitsprodukter a wëllen Eech eng Méiglechkeet ginn dës direkt beim Bauer kënnen anzekafen.

An der Epicerie fannt Dir awer net just Produkter vun eisem Haff mee och nach eng ganz Selektioun un anere regionale Produkter.

Wann Dir vun Dikrech kommt an Richtung Veianen fuert, geet et an der Selz lenks op Bastenduerf. Do leien mir dann direkt lenks. Dir kënnt et net verfeelen.

Virun der Épicerie sinn och Parkplazen.

WËLLKOMM BEI EIS UM HAFF

Mir freeën eis Eech an der Epicerie begréissen ze kënnen:

Léif Client’en!

Eis Epicerie ass elo:
Dënschdes vu 9h-12h & 13h bis 18h30
Mëttwochs vu 9h-12h & 13h bis 18h30
Donnesden vu 9h-12h & 13h bis 18.30
Freides vu 9h-12h & 13h bis 18h30 an 
Samschdes vu 9h-12h & 13-17h op!

Wiseneeër, Mëllech an villes méi an eisen Automaten 24/24H

Léif Client’en!
Eis Wiseneeër & nach villes Méi (wéi zb frësch Mëllech) stinn Eech 24/24h an eisen gekillten Automaten zur
Verfügung, an zwar ob eisem Site:
3, an der Lengt Bastenduerf
(tëschent Bastenduerf an der Selz)

Bei Froen: 691827010 oder schreiwt eis ob Facebook.

BEI EIS UM HAFF